Äddi a Merci

Bonjour.

No iwwer 10 Joer – dorënner déi lescht Joren als Member vun der Blogosphär vum Luxemburger Wort – gouf et mam Enn vun 2019 roueg hei um Site. Dat perséinlecht an ëffentlecht Liewen huet sech nawell staark du verännert. D’Blogosphär zu Lëtzebuerg huet sech och ganz staark verännert.

No laanger Iwwerleeung sinn ech zur Iwwerzeegung komm, dëse Blog bis op Weideres rouen ze loossen. Et sollt ëmmer e “jonke” Blog sinn, geschriwwe vun engem jonke Lëtzebuerger. Wärend de Blog haut an der Pubertéit ass, esou ass säin Auteur scho méi laang aus dëser eraus. All d’Blogposts – wou verschiddener och net méi 100-prozenteg menger Vue vun haut entspriechen – goufe vum Site geholl. Dëst wäert sech bis op Weideres net änneren.

Ech well jidderengem Merci soen, deen dëse Blog tëscht Summer 2008 a November 2019 gelies huet. Ech well och jidderengem Merci soen, dee kommentéiert huet an déi déi privat hir Meenung matgedeelt hunn. Et war eng flott an eemoleg Zäit Deel vun der Lëtzebuerger Blogosphär ze sinn.

Genee wéi am alleréischte Post, gleewen ech och haut nach weiderhin drun, dass d’Welt sech ka verbesseren. Dat loossen ech mer net huelen! Et ass awer elo Mëtt-2020er Joeren definitiv un anere Leit awer, fir de Fanger an d’Wonn ze leeën. Wann ech mech sou ëmkucken, ginn et do gutt (jonk) Leit déi dat maachen wann och villäicht net op engem geschriwwene Blog. Dee Medium muss sech villäicht e bëssche nei erfannen, an dat geet just mat ganz jonke Leit. Courage!

Bis iergendwa villäicht nees eng Kéier.

Äddi!

Tom